Melusina

Melusina Arena
De Melusina Club gouf komplett transforméiert a presentéiert sech elo am Holz-Look mat Hütten-Feeling. Domat all Owend en aussergewéinlecht Erliefnis gëtt, bidden mir exklusiv Dinner Events mat flotten Live Optrëtter & Themen Soiréeën. Bei weideren Froen kenn dir ons gären iwwert eis Arena Hotline erreechen.

Melusina Edelhütte
Loscht op eng exzeptionell Atmosphär? Dann bass du an eiser Edelhütte genau richteg! Hei kenn Dir iech mat Frënn an Famill fir en schmocken Nomëtten oder Owend zeréck zeien. Ausserdeem bitt d’Equipe vum Melusina Iech eng exzeptionell Gin Selektioun & Tasting Event.

Gin’othéik
D’Gin’othéik ass dat éischt klengt Geschäft vun senger Aart hei zu Lëtzebuerg, an deem een eng Rei vun speziellen, exklusiven an awer och raren Gins aus der ganzer Welt fannen kann. Nieft der exzeptioneller Fläsche Selektioun, proposéieren mir een personaliséiert Sortiment u Botanicals vun der hauseegener Mark sou wéi och eng Rei Accessoiren.